31. August 2019 - am Parc Municipal zu Remeleng

Rouden Dapp Petanque Turnéier 2019

**Rouden Dapp Petanque Turnéier 2019**


Den 31. August fënnt déi mëttlerweil schonn 9. Editioun vun eisem traditionelle Petanque Turnéier statt. Och dëst Joer kämpfen nees 25 Equippen op 5 bespillbaren Terrainen ëm déi prestigiéis Coupe (a géint massiv Gläichgewiichtsproblemer). Mer freeën eis iwwert all Equipe déi Loscht huet matzemaachen a begréissen natierlech och jiddwereen deen erop kënnt, fir sech mam Ricard ze moossen.

Start vum Turnéier ass e Samschdeg den 31. August 2019 um 09h00 um Petanque-Terrain am Parc Municipal zu Rëmeleng (Fussballsterrain).

D'Startgeld pro Equipe ass 15€.


!!!! KENG LIZENZEIERT SPILLER ERLAABT !!!!!


10. Marz 2019 - Café am Heim - Rëmeleng
Assemblée générale


Léif Frënn,
Mär invitéieren Iech häerzlecht op eis Generalversammlung, déi dëst Joer Sonndes, den 10. Maerz 2019 am Café am Heim zu Rëmeleng stattfënnt. Ufank ass um 11.00.

Hei loossen mir Joer 2018 nach emol am Revue passéiren, a werfen e Bléck an Zukunft. Mir freeën eis op är Presence.

29. Juni 2019 - Parc Municipal - Rëmeleng

ROUDEN DAPP BOSSABALL OPEN 2019


Du sichs eng spektakulär Sportaart, gutt Stëmmung oder einfach nëmmen ee Grond fir net mussen Zäit mat denge Schwéierelteren ze verbréngen?

Mir hunn d'Léisung: De Rouden Dapp Bossaball Open, e Samsdeg, den 29. Juni 2019 am Parc municipal zu Rëmeleng.

Sief mat dobäi wann 24 Equipe géinteneen untrieden an a Begleedung vu gudder Musek d‘Staat vun de roude Fielsen an eng riseg Sport- a Spaass-Zon ëmfunktionéieren.
Du wëlls mat denger Equipe matmaachen? Da mell dech ab dem 15. Abrëll 2019 unn.

Falls du elo scho gefaart hues, du misst ee Fligerticket kafen, hei nach eemol de Rappel:

„Hossa! Hossa! Hossa!“ = Oval Office (Washington D.C.)
“Bossa! Bossa! Bossa!“ = Parc municipal (Rëmeleng)

MAIN Partners

Premium Partners





25. August 2018 - am Parc Municipal zu Remeleng
Rouden Dapp Petanque Turnéier 2018

**Rouden Dapp Petanque Turnéier 2018**


Den 25. August fënnt déi mëttlerweil schonn 8. Editioun vun eisem traditionelle Petanque Turnéier statt. Och dëst Joer kämpfen nees 25 Equippen op 5 bespillbaren Terrainen ëm déi prestigiéis Coupe (a géint massiv Gläichgewiichtsproblemer). Mer freeën eis iwwert all Equipe déi Loscht huet matzemaachen a begréissen natierlech och jiddwereen deen erop kënnt, fir sech mam Ricard ze moossen.

Start vum Turnéier ass e Samschdeg den 25. August 2018 um 09h00 um Petanque-Terrain am Parc Municipal zu Rëmeleng (Fussballsterrain).

D'Startgeld pro Equipe ass 15€.


D’Umeldungen lafen

!!!! KENG LIZENZEIERT SPILLER ERLAABT !!!!!
--> ab dem 8ten July 08h00 sinn d'Inscriptioune méiglech

!!!!! SOLD OUT !! Nemme Reservequipen gi zougelos !!!!!

26. August 2017 - am Parc Municipal zu Remeleng
Rouden Dapp Petanque Turnéier 2017

**Rouden Dapp Petanque Turnéier 2018**


Den 26. August fënnt déi mëttlerweil schonn 8. Editioun vun eisem traditionelle Petanque Turnéier statt. Och dëst Joer kämpfen nees 25 Equippen op 5 bespillbaren Terrainen ëm déi prestigiéis Coupe (a géint massiv Gläichgewiichtsproblemer). Mer freeën eis iwwert all Equipe déi Loscht huet matzemaachen a begréissen natierlech och jiddwereen deen erop kënnt, fir sech mam Ricard ze moossen.

Start vum Turnéier ass e Samschdeg den 25. August 2018 um 09h00 um Petanque-Terrain am Parc Municipal zu Rëmeleng (Fussballsterrain).

D'Startgeld pro Equipe ass 15€.


!!!! KENG LIZENZEIERT SPILLER ERLAABT !!!!!
29. August 2015 - am Parc Municipal zu Remeleng
Aschreiwung fir de Rouden Dapp Petanque Turnéier 2015

De Rouden Dapp invitéiert op déi 5. Editioun vun sengem Pétanque Tournéier.

Dëst Joer mat 5 bespillbaren Terrainen a 25 Equipen déi ëm d'Coupe kämpfen!

Maer freeën eis iwwert all Equipe déi Loscht huet matzemaachen a begréissen natierlech och jiddwereen deen erop kënnt fir sech mam Ricard ze moossen. Den Tournoi ass e Samsdeg den 29. August 2015 um 09h00 um Pétanque-Terrain am Parc Municipal zu Rëmeleng (Fussballsterrain).

D'Startgeld pro Equipe ass 15€.


!!!! KENG LIZENZEIERT SPILLER ERLAABT !!!!!


18. Juli 2015
ROUDEN DAPP BOSSABALL OPEN 2015


No der genialer 1ter Editioun vum RoudenDapp Bossaball Open, an no der 2ter Editioun an der Sportshaal durch d'Wierderprevisiounen, hoffe mir op bessert Wierder vir die 3. Editioun:

Daagesverlaf vum 18ten Juli

8:30 - Ummeldung a Konfirmatioun vun den Equipen
9:00 - Tshirt-Verdeelung
9:30 - Opklaerung zu de Bossaballregelen
10:00 - Start vun de Poulematcher

13:25 - Start vum nächsten Tour
16.50 - Finalen
18:30 - Präisiwwerreechungen
21:00 - After Bossa Party

MAIN Partners

Premium Partners



Du wëlls iwwert d'Aktivitéiten vum RoudenDapp informéiert bleiwen? Een kléngen Like um Facebook mëcht et méiglech --> https://www.facebook.com/roudendapp

Mir soen MERCI an hoffen dir sidd dobei wann et erem heescht "Let's Bossa!!!"


22. Juni 2015 - Maartplaaz zu Rëmeleng
Nationalfeierdag


Ewéi all Joer esou och 2015, hu mir eise RDV op da Maartplaz. Wéi gewinnt gin et hei eis Bömmelcher vum Comptoir an déi super lecker Bifana vum Grill.

Vive den Grand-Duc, a vive bei den RoudenDapp Stand :-)



27. Februar 2015 - Jugendhaus zu Rëmeleng
Assemblée générale
Léif Facebook- Frënn, Mär invitéieren Iech häerzlecht op eis Generalversammlung, déi dëst Joer Freides, den 27. Februar 2015 (Haut) am Jugendhaus zu Rëmeleng stattfënnt (7, Rue des Artisans - 1Stack). Ufank ass um 18.30. Hei loossen mir Joer 2014 nach emol am Revue passéiren, werfen en Bléck an Zukunft an iwwerreechen 2 Donen vun jeweils 1000 Euro. Mir freeën eis op är Presence.

30. August 2014 - am Parc Municipal zu Remeleng
ROUDEN DAPP PETANQUE OPEN

Den Rouden Dapp lued op seng 4ter Editioun vun sengem Pétanque Tournéier an.

Dest Joer mat 5 bespillbaren Terrain'en an 25 Equipen déi em Coupe kämpfen!
Fir ze iessen an ze drenken ass beeschtens gesuergt.
Maer freeën eis iwwert all Equipe déi Loscht huet matzemaan a begréissen jidfereen deen och einfach sou Loscht huet erop ze kommen fir seng Equipe unzeféieren.

!!!! KENG LIZENZEIERT SPILLER ERLAABT !!!!!
Den Tournoi ass den 30 August 2014.

Startgeld pro Equipe 15€
Konto: IBAN LU56 1111 7001 5509 0000 | BIC CCPL LULL
Mentioun: Numm vun denger Equipe

12. Juli 2014
ROUDEN DAPP BOSSABALL OPEN


No der genialer 1ter Editioun vum RoudenDapp Bossaball Open, deenen positiven Echoen an der grousser Nofro, sin mer frou iech matdeelen ze kënnen datt et dëst Joer erem zu Rëmeléng heescht : LET'S BOSSA!!!

E puer éischt Detailer:
- Startgeld pro Equipe -> 120€ (20€ Kautioun déi all Equipe den Dag selwer erem kritt)
- Gespillt gëtt op 2 Terrainen.
- Maximal 16 Equipen!
- Maximal 7 Spiller pro Equipe!
- All Equipe start den Match mat 5 Spiller um Terrain + 2 Ersatzspiller (Optional)
- Minimum Altersgrenz vun den Spiller ass 18+.
- Gespillt gëtt no den Reegelen vun Bossaball. (Virum Ufank vum Turnéier ginn Reegelen nach eng Kéier vum Staff erklärt)

*****D'Umellungen starten den 01/05/2014*****


WICHTEG!!!
    Schrëtt 1
- Dir kritt eng SMS -> Är Umellung ass bei eis ukomm.
    Schrëtt 2
- Dir kritt eng SMS + Mail -> Är Equipe ass ugeholl.
- Dir kritt eng SMS + Mail -> Är Equipe ass leider net ugeholl gin.
- Dir kritt eng SMS + Mail -> Är Equipe ass op standby. (Huet nach d'Méiglechkeet nozeréckelen).
    Schrëtt 3
- Falls Ugeholl -> Iwwerweisung vum Startgeld (120€) op eisen Konto:

IBAN LU56 1111 7001 5509 0000 | BIC CCPL LULL
Mentioun: Numm vun denger Equipe
    Schrëtt 4
- Dir kritt eng SMS + Mail -> Bestätegung vun der Iwwerweisung + Esoumat huet är Equipe eng secher Startplaz fir den 2ten RoudenDapp Bossaball Open 2014 !



Du wëlls iwwert d'Aktivitéiten vum RoudenDapp informéiert bleiwen? Een kléngen Like um Facebook mëcht et méiglech --> https://www.facebook.com/roudendapp

Mir soen MERCI an hoffen dir sidd dobei wann et erem heescht "Let's Bossa!!!"


22. Juni 2014 - Maartplaaz zu Rëmeleng
Nationalfeierdag


Och 2014 hun mer eis RDV op da Maartplaz gin fir zesummen den Virowend vun Nationalfeierdag ze feieren. Wéi gewinnt gin et hei eis Bömmelcher vum Comptoir an déi super lecker Bifana vum Grill.

Vive den Grand-Duc, a vive bei den RoudenDapp Stand :-)




26. Abrell 2014 - zu Rëmeleng
Télévie


Dëst Joer ass d'Equipe vum Rouden Dapp beim groussen Dag vum Télévie mat dobai. Wou fannt der eis? Wéi kinnt et anescht sin, beim Bifana-Stand op da Maartplaz zu Rëmeléng. Kommt bis laanscht, mir freeën eis.




25. Februar 2014 - Café um Rond-Point zu Rëmeleng
Assemblée générale
Den Rouden Dapp huet op seng drëtt AG agelueden. Dest Joer, a presenz vun der Press, war de Réckbleck op d’Joer 2013 méi ewéi zefriedenstellend. Mir hun eis daat net huelen geloos, enger A.s.b.l ën Don ze iwerreechen. Eis Frënn vun der Rhana A.s.b.l. hun matt grousser Begeeschterung den Don vu 600€ ugeholl.

31. August 2013 - Parc Municipal zu Rëmeleng
Tournoi de Pétanque
Eist grouss traditiouns Turneier am Park zu Rëmeleng. E boullen Turnéier nëmmen fir net Lizenseiert Spiller. Een groussen Spass wou Jonk op Aal trefft fir ze kucken ween d’Nues fier huet. Eng super Location bei relaxer Stëmmung matt kaalem Gedrenks ass garanteiert ebi summerlech Temperaturen. Mär freeën eis all Joers op een néits.

13. July 2013 - Parc Municipal zu Rëmeleng
Rouden Dapp Bossaball Open
Du siichs eng nei innovativ Sportart, eng cool Stémmung an daat ganzt net wäit vun dénger Häusdier ewech?
Mär hun d'Léisung: Rouden Dapp Bossaball Open, den Samsdén, 13. Juli 2013 ze Rëmeleng. Mär wandelen den Terrain hannert dem Tennis-Clubhäus uewen am Parc municipal zu enger Fun-Zone ém mat 2 opbloosbaren Bossaball-Terrainen am Mëttelpunkt. Dozou nach e coolen Sound vun eisem extra engagéierten Red-Bull Dj an genuch Gefriess an Sëffeges ronderem. Wat feelt do nach?...ganz genau: déng Präsenz beim éischten Bossaball-Turnéier ze Lëtzebuerg!
Du wëlls mat dénger Equipe matmaachen? Ma kanns de déch hei drënner umellen.

Waat as eigentléch Bossaball? Ma et handelt séch em een Ballspiel daat Elementer äus Volleyball, Turnen an Capoeira verbënnt. Dozou hopsen nach 2 Equipen op engem obloosbaaren Terrain mat engem Trampolin op all Säit an engem Netz an der Métt. Daat kléngt komplizéiert, mee et as jo nach keen Bossaball-Held vum Himmel gefall.
Huel der och schon Appetit iwwert eisen Trailer.
P.s: Sollt et den 13. Juli reenen, fénnt eisen Turnéier an der Kayler Sporthaal statt. Mär soen ärch rechtzäiteg Bescheed.

29. Juni 2013 - Place Grande-Duchesse Charlotte
Braderie zu Rëmeleng
Éisen Hawaii Stand op der Rëmelenger Braderie gehéiert mëttlerweil zum festen Repertoire vun der Rouden Dapp A.s.b.l.
Noom groussen Erfolleg vun deenen leschten Joeren, wärten mir och des Kéier nees den Strandfeeling op Lëtzebuerg bréngen an d'Sonn fir e puer Stonnen schéngen loossen (spéitstens noom Xten Coctail). Sieft also dobäi wann ët heescht "Aloha Rëmeleng"!

22. Juni 2013 - Place Grande-Duchesse Charlotte
Virowend vum Nationalfeierdaag
Och dëst Joer wärte mir erem mat engem Stand um Virowend vum Nationalfeierdaag zu Rëmeleng präsent sin. Mir géifen eis freeën mat der zesummen d'Glas, oder vill méi e puer Glieser op den Grand-Duc ze hiewen. An deem Sënn: Vive den Heng an vive bei eisen Stand!

26. März 2013 - Klubhaus vum Tennis Club Rëmeleng
Assemblée générale
Den Rouden Dapp lued op seng zweet AG an. Dest joer schon eng vill méi grouss besicht wei am vergangenen Joer. De Réckbleck op d’Joer 2012 wa ganz zefriedenstellend. Mir hun eis daat net huelen geloos, enger Rëmelenger A.s.b.l ën Don ze iwerreechen. Eis Frënn vun der Alzheimer Letzebuerg A.s.b.l. hun matt grousser Begeeschterung den Don vu 600€ ugeholl.

11. Januar 2013 - Site Intermoselle Rëmeleng
14ten Apès-Schi vun der U.S.Rëmeleng Vétérans A.s.b.l
Wéi all Joer organiseiert U.S.Rëmeleng Vétérans A.s.b.l. hieren Après-Schi, ë RDV deen een all 2ten Weekend vum Joer schon muss am Agenda agedroen hun. Och dëst Joer huet den Rouden Dapp héi beim Opriichten, Oofrichten gehollef. Munch vun ierch kruten vun engem Rouden Dapp Member e Béierchen servéiert, waat zum Erfolleg vum Event mattgedroen huet. Et wa erem ë super Owend gin!

08. September 2012 - Esch/Uelzecht
Escher Kulturlaaf
Den Escher Kulturlaaf ass een grousse RdV fir de Süden vum Land. Och héi waren Membren vum Rouden Dapp présent an hun vir Secherheet op der Stréck gesuergt. Et war eng super Atmosphäre an dene Memberen soen mir nachengkéier Merci!

04 August 2012 - Gaalgebierg Esch
Beach Handball Esch
Bei der zweeter Editioun ware mir erem um Gaalgebierg matt enger Equipe um Start. En supert Event organiséiert vun eisen Handballfrënn an alles an enger genial Location. Mär kommen emmer erem gären fir matt eisen Kollegen vum H.B.Esch deen Daag ennert sportlecher Konkurenz ze verbrengen. Gudd Stëmmung kennt do nie ze kuerz. All Joer sin mär gären dobai.

28-29 July 2012 - Gaalgebierg Esch
Luxembourg Beach Open
De Beach Volleyball zu Esch, ech mengen et gin da net vill déi dessen RDV verpassen, oder? Wei kinnt den Rouden Dapp also feelen. Matt enger gudder Leeschtung bei der 1er Bedeelegung iwwert dei zwee Deeg, beleet de Rouden Dapp d'Platzen 9 an 10. Next Joer sin ma erem dobai an kämpfen ëmm de Podium.

14. July 2012 - Parc Municipal zu Rëmeleng
Tournoi de Pétanque
Eist grouss traditiouns Turneier am Park zu Rëmeleng. E boullen Turnéier nëmmen fir net Lizenseiert Spiller. Een groussen Spass wou Jonk op Aal trefft fir ze kucken ween d’Nues fier huet. Eng super Location bei relaxer Stëmmung matt kaalem Gedrenks ass garanteiert ebi summerlech Temperaturen. Mär freeën eis all Joers op een néits.

30. Juni 2012 - Place Grande-Duchesse Charlotte
Braderie zu Rëmeleng
Wéi schon d'leescht Joer an duerch deen enorm, flotten an gudden Feedback sin mär erem op der Maartplatz zu Rëmeleng ungetrueden matt enger néier Editioun vun eisem Hawaii Stand. Dëss Kéier matt engem nach mei groussen Erfoleg. Et ass mettlerweil net méi aus eisem Agenda ewegzedenken.

22. Juni 2012 - Place Grande-Duchesse Charlotte
Virowend vum National Feierdaag
Eng ganz néi Meiglechkeet huet sech hei opgedoen an den Rouden Dapp konnt fir de Virowend vun Nationalfeierdaag een Stand maan. Den zentralen Punkt waren ganz kloer déi gudd Bömmelcher vum Comptoir an dei super lecker Bifana vum Grill. Next Joer geet et weider.

03. Abrëll 2012 - Café um Rond-Point Rëmeleng
Assemblée générale
Wéi et dann sou üblech ass, huet och den Rouden Dapp op seng éischt AG agelueden. Dest mat engem ganz zefriedenen Réckbléck op d’Joer 2011. Mär freeën eis opt next Joer!

14. Januar 2012 - Site Intermoselle Rëmeleng
13ten Apès-Schi vun der U.S.Rëmeleng Vétérans A.s.b.l
Bei der Après-Schi zu Rëmeleng, dei schon am ganzen Land bekannt ass, huet den Rouden Dapp och hieren Kollegen vun den U.S.Rëmeleng Vétérans ennert d'Ärm gegraff. Mär waren frou a stolz bei dësem Event matthëllëfen zekennen.

10. September 2011 - Café du Coin Rëmeleng
Rentrée am Schapp
Eng Party wéi se et wuel netméi jiidereen an Errenerung huet, wéi fréier am aalen Schapp vum Café du Coin geféiert gin ass. Sou hun ma eis geduet, dëst erem an d’Liewen ze ruffen. Wéi ma fonnt hun, wa et ee gelongen Owend gin! Iwwert eng zweet Editioun gett schon diskuteiert.

06. August 2011 - Gaalgebierg Esch
Beach Handball Esch
Um Beach Handball zu Esch wa den Rouden Dapp mat senger Equipe present fir och do een flotten Daag am Sport zeverbrengen an natirlech esou och d'Kollegen vum H.B.Esch bei hierem Event ze ennerstetzen.

16. July 2011 - Parc Municipal zu Rëmeleng
Tournoi de Pétanque
Wee kinnt sech den Rouden Dapp dann nach virstellen ouni sain traditiouns Turneier am Park zu Rëmeleng. Een Bullen-Turneier nemmen fir net Lizenseier Spiller, waat steet also engem gelongen Daag matt eppes kaales zedrenken an super Laun nach am Wee! Enger Zweeter Editioun steet naischt am Wee.

02. July 2011 - Place Grande-Duchesse Charlotte
Braderie zu Rëmeleng
Eis ëischt Editioun zu Rëmeleng op da Braderie war ee vollen Erfolleg. Summer, Sonn waat well ee méi wei matt eisen Famillen a Frënn vum Rouden Dapp déi super Stemmung op eisem Hawaii Stand ze genéissen. Mar freehen eis op eng zweet Editioun!