Aschreiwung fir ROUDEN DAPP BOSSABALL OPEN 2016
E puer éischt Detailer:
- Startgeld pro Equipe -> 140€ (20€ Kautioun déi all Equipe den Dag selwer erem kritt)
- Gespillt gëtt op 2 Terrainen.
- Maximal 20 Equipen! (4 Poulen matt 4 Equipen)
- Maximal 7 Spiller pro Equipe!
- All Equipe start den Match mat 5 Spiller um Terrain + 2 Ersatzspiller (Optional)
- Minimum Altersgrenz vun den Spiller ass 18+.
- Gespillt gëtt no den Reegelen vun Bossaball. (Virum Ufank vum Turnéier ginn Reegelen nach eng Kéier vum Staff erklärt)
#### --------- WICHTEG!!! --------- ####
Schrëtt 1
- Dir kritt eng SMS -> Är Umellung ass bei eis ukomm.
Schrëtt 2
- Dir kritt eng SMS + Mail -> Är Equipe ass ugeholl.
- Dir kritt eng SMS + Mail -> Är Equipe ass leider net ugeholl gin.
- Dir kritt eng SMS + Mail -> Är Equipe ass op standby. (Huet nach d'Méiglechkeet nozeréckelen).
Schrëtt 3
- Falls Ugeholl -> Iwwerweisung vum Startgeld (140€) op eisen Konto:
IBAN LU41 0024 7100 7251 5800 | BIC: BILLLULL
Mentioun: Numm vun denger Equipe
Schrëtt 4
- Dir kritt eng SMS + Mail -> Bestätegung vun der Iwwerweisung + Esoumat huet är Equipe eng secher Startplaz fir den 4ten RoudenDapp Bossaball Open 2016 !
Den Turnéier fënnt den 16. Juli den ganzen Daag iwwer statt. Den Ooflaf vum Daag kritt dir per Mail kommunizéiert. D'Kautioun gëtt no der Remise des Prix rembourséiert.
### Equipen déi sech den Daag selwer net bis spéitstens 9h30 ageschriwwen hun, gin ausnahmslos ersaat an verléiren hiert Recht ob d’Réckerstattung vun der Kautioun. ###
Let's Bossa !!!
D'Equipe vum Rouden Dapp

